Diddeleng gewënnt kloer zu Ettelbréck, 3 Punkten och fir Hesper an Déifferdeng

© Val Wagner
Hesper setzt sech mat 1:0 bei der Escher Fola duerch. Diddeleng gewënnt 5:2 zu Ettelbréck. Am Match tëscht Nidderkuer a Monnerech si sechs Goler gefall.
Fola Esch - Swift Hesper 0:1
0:1 Teixeira (88')
An der éischter Hallschent war et e Match, wou et hin an hier goung, woubäi d'Gäscht déi besser Golchancen haten. D'Fola hat am Ufank Probleemer an de Match ze kommen, huet sech duerno awer eragekämpft. Nom Säitewiessel huet Hesper nach méi Drock opgebaut, konnt den Escher Golkipp awer net iwwerwannen. Vun der Fola war et eng kämpferesch an disziplinéiert Leeschtung iwwer de ganze Match.
Wéi ee gemengt huet, et sollt beim 0:0 bleiwen, huet den Teixeira kuerz viru Schluss no engem Corner den decisiven a verdéngten 1:0 fir de Swift geschoss. Mat dësem Resultat bleift Hesper an der Tabell dräi Punkte virun Diddeleng.
Etzella Ettelbréck - F91 Diddeleng 2:5
0:1 Bojic (5'), 0:2 Hadji (13'), 0:3 Sinani (14'), 1:3 Rapaille (17'), 1:4 Sinani (29'), 1:5 Sinani (44'), 2:5 Sery (89')
No enger Véierelstonn waren am Stade Am Däich scho véier Goler gefall. Nodeems den F91 dräi Goler geschoss hat, huet d'Etzella e Liewenszeeche vu sech gewisen, dat awer just kuerz opgeflaamt huet. Bis zur Paus sollt Diddeleng nach zwee Goler an der Persoun vum Dejvid Sinani noleeën, deen domat en Hattrick realiséiere konnt. Ettelbréck hat an den éischte 45 Minutte keen Zougrëff fonnt a war defensiv ëmmer ze spéit drun.
An der zweeter Hallschent huet Diddeleng de Match verwalt a sech keng héichkaräteg Chancë méi erausgespillt. Ettelbréck huet sech heiansdo no vir gewot a konnt kuerz viru Schluss e weidere Gol schéissen. Um Enn gouf et eng kloer a verdéngt Victoire fir den F91.
D'Resultater vun den anere Matcher am Iwwerbléck
FC Déifferdeng - US Munneref 2:1
1:0 Brusco (59'), 2:0 Trani (65'), 2:1 Taarimte (87')
FC Monnerech - Progrès Nidderkuer 3:3
0:1 Mazure (24'), 1:1 Peugnet (31', Eegegol), 1:2 Bastos (51'), 2:2 Bourtal (57'), 3:2 Kerstenne (75'), 3:3 Azong (90'+2)
Racing Union - FC Wolz 0:1
0:1 Buch (55', Eegegol)
US Hueschtert - Jeunesse Esch 0:1
0:1 Lapierre (25')
UNA Stroossen - Victoria Rouspert 2:2
1:0 Perez (9'), 1:1 Carratala-Jimenez (39'), 2:1 Bürger (74', Eegegol), 2:2 Bouché (87')
Um Freideg hat sech Péiteng am Derby mat 4:1 géint Käerjeng behaapt.