Och am éischte Match nom Trainerwiessel vun de Käerjenger gouf et eng weider Néierlag.

Union Titus Péiteng - UN Käerjeng 97 4:1
1:0 Schneider (7'), 2:0 Abreu (19'), 3:0 Merk (79'), 3:1 Liseki (89'), 4:1 Tekiela (90'+4,p)

Péiteng huet doheem direkt vun Ufank un Drock gemaach an schonn no 7 Minutten den 1:0 duerch de Schneider geschoss, nodeem den Abreu hie gutt an Zeen gesat hat. 12 Minutte méi spéit war dësen Abreu méi séier wéi de Käerjenger Biagui an hat dono am 1 géint 1 mam Scheidweiler am Gol vun de Gäscht och wéineg Problemer, esou datt Péiteng fréi an der Partie 2:0 a Féierung gaangen ass. Käerjeng huet an den éischte 45 Minutte wéineg dogéint gesat, esou datt déi Péitenger mat enger verdéngter Féierung an d'Paus gaange sinn.

Käerjeng ass nom Säitewiessel besser ginn an hat no 60 Minutten den éischte richtegen Ofschloss. 6 Minutte méi spéit haten d'Gäscht dunn e bësse Pech, well den Alverdi vun der Strofraumgrenz just d'Lat getraff hat. Et sollten awer net déi Käerjenger sinn, déi markéiere sollten, mä d'Heemekipp hat quasi mat der éischter gudder Chance vun der zweeter Hallschent direkt e Gol geschoss. Getraff hat de Merk an der 79. Minutt, deen direkt dono och ausgewiesselt gouf. Käerjeng huet dono zwou gutt Chance leie gelooss, éier de Liseki an der 89. Minutt een Defenseur an de Golkipp ausdanzen an de Ball aus spatzem Wénkel iwwert d'Linn drécke konnt. An der Nospillzäit krut Péiteng nach no engem Foul am Strofraum en Eelefmeter zougesprach, deen den Tekiela ouni Problemer verwandele konnt. Mam Resultat vu 4:1 sollt d'Partie dann och ofgepaff ginn.

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell