Juventus klappt Inter, Barca wënnt den "El Clasico"

© LLUIS GENE / AFP
An der Ligue 1 verléiert PSG 0:2 géint Rennes. An Holland verléiert Ajax Amsterdam de Spëtzematch géint Feyenoord Rotterdam.
An der Bundesliga stoung de 25. Spilldag um Programm, wärend an der Premier League schonn den 28. Spilldag gespillt gouf. Donieft waren ë.a. Manchester City a Manchester United am FA Cup ënnerwee. An Italien kënnt et den Owend zum Spëtzematch tëscht Inter Mailand a Juventus Turin an an der spuenescher La Liga steet de "Classico" FC Barcelona géint Real Madrid um Programm.
An der hollännescher Eredivisie huet Feyenoord Rotterdam de Spëtzematch bei Ajax Amsterdam mat 3:2 gewonnen. D'Gäscht gounge schonn no fënnef Minutten a Féierung, mee Ajax sollt de Match bis zur Paus dréine kënnen. Direkt nom Säitewiessel huet Feyenoord den Ausgläich a kuerz virun Enn den decisiven drëtte Gol geschoss. Dräi Punkten hu béid Ekippe virum Upëff getrennt, elo huet Rotterdam eng Avance vu sechs Punkten op den hollännesche Rekordmeeschter Amsterdam. An och Einhoven an Alkmaar hunn nach e Wuert am Meeschterkampf matzeschwätzen.
Bundesliga
De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Arsenal - Crystal Palace 4:1
1:0 Martinelli (28'), 2:0 Saka (43'), 3:0 Xhaka (55'), 3:1 Schlupp (63'), 4:1 Saka (74')

© AFP
Am éischte Match no der Entloossung vum Trainer Patrick Vieira koum Crystal Palace besser an de Match, mee duerno hunn d'Gunners de Kommando iwwerholl a louchen zur Paus 2:0 vir. De Granit Xhaka huet mam 3:0 fir d'Virentscheedung gesuergt, och wann d'Gäscht nach eng Kéier erukoumen. De Saka huet mat sengem zweete Gol am Match fir Arsenal alles kloer gemaach. Vu dass Manchester City dëse Weekend am FA Cup aktiv war, huet Arsenal elo eng Avance vun aacht Punkten op den Tabellenzweeten, awer och ee Match méi um Kont.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FA Cup
Sheffield United - Blackburn Rovers 3:2
0:1 Bereton Diaz (21'), 1:1 Gallagher (28', sg), 1:2 Szmodics (60'), 2:2 McBurnie (81'), 3:2 Doyle (90'+1)
Brighton & Hove Albion - Grimsby Town 5:0
1:0 Undav (6'), 2:0 Ferguson (51'), 3:0 Ferguson (70'), 4:0 March (82'), 5:0 Mitoma (90')
Manchester United - FC Fulham 3:1
0:1 Diop (50'), 1:1 Fernandes (75'), 2:1 Sabitzer (78'), 3:1 Fernandes (90'+6)
Serie A
Udinese - AC Mailand 3:1
1:0 Pereyra (9'), 1:1 Ibrahimovic (45'+4, Eelefmeter), 2:1 Beto (45'+6), 3:1 Ehizibue (70')
Um Samschdegowend hat sech den AC Mailand mat 1:3 géint Udinese Calcio musse geschloe ginn a verléiert weider wichteg Punkten am Kampf ëm d'Champions-League-Plazen. De Zlatan Ibrahimovic huet mat engem verwandelten Eelefmeter zum tëschenzäitlechen 1:1 Geschicht geschriwwen. Hien ass elo mat 41 Joer an 166 Deeg deen eelste Buteur an der Serie A.
FC Turin - Neapel 0:4
0:1 Osimhen (9'), 0:2 Kvaratskhelia (35'), 0:3 Osimhen (51'), 0:4 Ndombele (68')
Neapel huet de Match vun Ufank un dominéiert an der Lokalekipp keng grouss Chancen erlaabt. Mam fréien 1:0 an engem zweete Gol virun der Paus war de Match schonn zu Gonschte vun Neapel decidéiert. Spéitstens nom zweete Gol vum Osimhen war kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe géif. Neapel huet virum Match tëscht Inter Mailand géint Juventus Turin um Sonndegowend 21 Punkten Avance op d'Nerazurri.
Lazio Roum - AS Roum 1:0
1:0 Zaccagni (65')
Am Derby della Capitale huet de Roger Ibanez fréi Giel-Rout gesinn, soudass d'AS Roum bal 60 Minutten an Ënnerzuel huet musse spillen. Och zwee Betreier vun den Ekippe goufen an d'Vestiairë geschéckt. An der éischter Hallschent war dat awer déi gréisst Opreegung. Nom Säitewiessel gouf Futtball gespillt a Lazio huet de Fräiraum genotzt an huet an der 65. Minutt duerch de Zaccagni de Gol vum Dag geschoss. Lazio sollt ee weidere Gol schéissen, deen awer vum VAR oferkannt gouf. D'AS Roum huet ni wierklech an de Match fonnt an dowéinst verdéngt verluer. Lazio ass virum Match tëscht Inter Mailand a Juventus Turin provisoresch neien Tabellenzweeten.
Inter Mailand - Juventus Turin 0:1
0:1 Kostic (23')
A Lazio sollt och nom Match den zweeten an der Tabell bleiwen, datt well Inter doheem net géint Juventus gewanne konnt. D'Juvé war no 23 Minutten a Féierung gaangen an huet déi aner iwwer 70 Minutte vum Match kee Gol zougelooss. Dat och, well bei Inter, déi 69 Prozent Ballbesëtz haten, einfach d'Prezisioun gefeelt huet. Bei 18 Versich hu si just 3 Bäll op de Gol bruecht, déi de Szczesny am Gol vun Turin net iwwerwonnen hunn. Inter muss also déi zweet Plaz u Lazio ofginn a Juventus kënnt dem internationale Geschäft nees e bësse méi no.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Ajaccio - Monaco 0:2
0:1 Ben Yedder (27'), 0:2 Diatta (84')
Monaco goung mat der éischter geféierlecher Aktioun a Féierung an huet duerno och de Kommando am Match iwwerholl. Ajaccio hat kuerz virun der Paus eng gutt Golchance, mee de Ball goung knapp laanscht de Potto. Nodeems de Bayala op der Säit vun Ajaccio d'Rout Kaart gesinn huet, konnt Monaco eréischt spéit Kapital doraus schloen an huet kuerz viru Schluss den Deckel drop gemaach. Monaco ass weider Tabellevéierten hannert Olympique Marseille.
Paris SG - Rennes 0:2
0:1 Toko Ekambi (45'), 0:2 Kalimuendo (48')
No véier Victoiren hannerteneen huet PSG nees eng Kéier verluer. Géint Rennes hunn d'Paräisser déi éischt Heemnéierlag an dëser Saison kasséiert a Rennes klappt de laangjärege Champion eng zweet Kéier an dëser Saison. Rennes war kuerz virun der Paus a Féierung gaangen, och well Paräis sech d'Zänn un hirer Defense ausgebass hat. Nom Säitewiessel hunn d'Gäscht eng zweet Kéier zougeschloen an dem PSG den nächsten Dämpfer verpasst. Bis zum Schluss sollt Paräis den Uschloss net geléngen, soudass si verdéngt géint d'Bretone verléieren. Paräis huet awer nach eng komfortabel Avance vun néng Punkten op Lens.
Stade Reims - Olympique Marseille 1:2
1:0 Balogun (13'), 1:1 Sanchez (16'), 1:2 Sanchez (29')
Et waren déi éischt 30 Minutten, déi dës Partie decidéiert hunn. D'Heemekipp konnt no 13 Minutten duerch de Balogun a Féierung goen, ma d'Freet huet net laang gehalen, well schonn 3 Minutte méi spéit huet de Sanchez ausgeglach. Deen hat souwisou e gudden Dag erwëscht an huet an der 29. Minutt de Match mat sengem zweete perséinleche Gol gedréint. Reims hat iwwert de Match gekuckt méi Ballbesëtz an däitlech méi Schëss op de Gol, Marseille hat awer aus hire Chance méi gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
FC Barcelona - Real Madrid 2:1
0:1 Araujo (9', sg), 1:1 Roberto (45'), 2:1 Kessie (90'+2)
A Spuenien war et e Sonndeg den Owend um "El Clasico" wéi den Tabelleleader Barcelona den zweeten aus Madrid empfaangen huet. Et sollt eng enk a spannend Partie ginn, bei där de Real no 9 Minutten duerch e Selbstgol vum Araujo a Féierung goe konnt. Kuerz virun der Paus koum awer en ofgewierte Schoss bei de Sergio Roberto, deen déi Chance op den Ausgläich net leie gelooss huet. Nom Säitewiessel gouf et laang wéineg Grousschancen an de Lewandowski hat an der 76. Minutt eng dovu leie gelooss. Besser hat de Madrilen Asensio et no 81 Minutte gemaach, mä säi Gol gouf wéinst engem Foul vum VAR zeréckgeholl. Du war et an der Nospillzäit den Kessie, deen eng gutt Virlag vum Balde notze kann an d'Heemekipp zimmlech zum Schluss a Féierung brénge konnt. De Real hat deem Gol näischt méi entgéintzesetzen. Mat dësen dräi Punkten huet Barca elo mat 68 12 Punkten Avance op de Real an esouguer 17 op Atlético Madrid. Zwar sinn et nach 12 Spilldeeg, an awer gesäit dëst schonn no enger klenger Virentscheedung aus.