Leverkusen iergert Bayern München, Mainz trëfft an der 96. Minutt zum 1:1

© AFP
D'Werkself gewënnt 2:1 géint d'Bayern, déi domat d'Tabelleféierung verléieren. Union Berlin ka sech géint Frankfurt behaapten.
Bayer 04 Leverkusen - Bayern München 2:1
0:1 Kimmich (22'), 1:1 Palacios (55',p), 2:1 Palacios (73',p)
Am Spëtzematch vum Sonndeg setzt sech Leverkusen 2:1 géint Bayern München duerch. No enger gudder Ufanksphas vu Leverkusen huet den FCB mat der éischter Attack an deem eenzege Golschoss an der éischter Hallschent den 1:0 geschoss. Duerno hunn d'Bayern d'Kontroll iwwerholl, ouni awer zwéngend virun de Gol ze kommen an hu Leverkusen d'Liewe schwéier gemaach. Et waren zéng Minutten an der zweeter Hallschent gespillt, wéi de VAR Leverkusen en Eelefmeter zougesprach huet, deen de Palacios notze konnt. Och deen zweete Gol fir Leverkusen sollt duerch eng Interventioun vum VAR falen, well Leverkusen en zweeten Eelefmeter zouerkannt krut. D'Bayern hu wuel nach probéiert e Gol ze schéissen, mee dat sollt hinnen net méi geléngen. Bayern München gëtt mat dëser Néierlag d'Tabelleféierung un Dortmund of, déi um Samschdeg 6:1 géint Köln gewonnen haten.
Union Berlin - Eintracht Frankfurt 2:0
1:0 Khedira (53'), 2:0 Behrens (75')
Union Berlin kann den negativen Trend stoppen a gewënnt 2:0 géint Eintracht Frankfurt. Béid Ekippe waren an der Woch aus den internationale Kompetitiounen ausgescheet an haten eppes gutt ze maachen. Frankfurt war am Ufank déi dominant Ekipp, konnt sech Chancen erausspillen, mee blouf awer ouni Gléck am Ofschloss. Nom Säitewiessel hat Union Berlin dat néidegt Spillgléck op senger Säit a konnt no engem Eckball a Féierung goen. Frankfurt huet duerno nach méi Drock gemaach, fir den Ausgläich ze schéissen, mee Berlin huet de Fräiraum, dee sech doduerch erginn huet, genotzt an den 2:0 geschoss. D'Eintracht hat wuel nach Méiglechkeeten, de Match nach eng Kéier spannend ze maachen, ass awer ëmmer um Golkipp gescheitert. Union Berlin sammelt domat wichteg Punkten am Kampf ëm d'Champions-League-Plazen, Frankfurt bleift Sechsten.
FSV Mainz 05 - SC Freiburg 1:1
0:1 Doan (55'), 1:1 Onisiwo (90'+6)
Nodeem an der éischter Hallschent keng Goler gefall waren, kruten d'Fans eng ganz eng zweet Hallschent ze gesinn. D'Gäscht konnten no engem Feeler an der Defense a Féierung goen, well den Doan gutt opgepasst hat an dono och nach cool virum Golkipp blouf. Dono war de Match op a béid Ekippen hunn probéiert, no vir ze spillen. An der 87. Minutt hat de Weiper vu Mainz eng gutt Chance op den Ausgläich leie gelooss, ma an der 96. Spillminutt ass no engem Ofpraller de Ball virun d'Féiss vum Onisiwo gefall, dee sech et net huele gelooss huet, fir mat der leschter Chance vum Match senger Ekipp ee Punkt ze retten.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.