Holland a Frankräich wannen an der Grupp B

E Méindeg war et den 2. Spilldag an der Qualifikatioun fir d'EM 2024 an Däitschland.
No der Victoire vu Frankräich 4:0 géint Holland war et um 2. Spilldag d'Fro, ob sech d'Elftal aus där schlechter Lag kéint befreien, dat géint Gibraltar.
Grupp
Irland-Frankräich 0:1
0:1 Pavard (50')
No der 1. Hallschent stoung et nach 0:0. Obschonn Frankräich méi vum Spill hat, waren et vun de Bleus däitlech ze vill schlecht Passen. Irland huet passionéiert matgespillt, ma ouni sech eng Chance kënnen erauszespillen.
No engem katastrophale Pass vun der irescher Ekipp virum Gol konnt de Pavard markéieren. Schwaach Fransouse hunn awer duerno viru Problemer, fir de Score ze erhéijen. Um Enn huet Irland de Pressing gemaach. Ouni Erfolleg.

Holland-Gibraltar 3:0
1:0 Depay (23'), 2:0 Aké (50'), 3:0 Aké (82')
No den éischte 45 Minutte war d'Elftal verdéngt vir, mee Holland hat sech laang Zäit schwéier gedoen, Chancen géint d'Gibraltar erauszespillen. Réischt an der Schlussphas war déi Orange bal all 2 Minutte geféierlech virum Gol.
Vun der 51. Minutt u waren d'Hollänner an Iwwerzuel. De Walker hat déi rout Kaart kritt. Ëmmer nees sinn d'Haushären zu Golchance komm. Den Aké schéisst der zwee zum 3:0 Endstand.
Grupp F
Éisträich-Estland 2:1
0:1 Sapinnen (25'), 1:1 Kainz (68'), 2:1 Gregoritsch (88')
Schweden- Aserbaidschan 5:0
1:0 Forsberg (38'), 2:0 Mustafazada, Selbstgol (65'), 3:0 Gyökeres (79'), 4:0 Karlsson (88'), 5:0 Elanga (89')
Grupp E
Moldawien-Tschechesch Republik 0:0
Polen-Albanien 1:0
1:0 Swiderski (41')
Grupp G
Ungarn-Bulgarien 3:0
1:0 Vecsai (7'), 2:0 Szoboszlai (26'), 3:0 Adam (39')
Montenegro-Serbien 0:2
0:1 Vlahovic (76'), 0:2 Vlahovic (95')