Hien ass den éischte Chinees, dee bis elo eng Schach-Weltmeeschterschaft gewanne konnt.

An der Finall konnt den 30 Joer ale Ding Liren sech géint de Russ Iran Neopmniachtchi duerchsetzen, dat an der 15. an decisiver Partie.

Dräi Woche laang hunn déi zwee Schachprofie géintenee gespillt an laang hat et ausgesinn, wéi wann en Nepomniachtchi den Titel kéint mat Heem huelen. Ma de Liren huet net opginn a sech zeréckkämpfen. No 14 Dueller stoung nach kee Gewënner fest, esou datt dëse Sonndeg d'Finall vun der Schach-WM an engen Tie-Break huet missten decidéiert ginn an déi goung un de Mann aus China.

Den Ding Liren trëtt domadder d'Successioun vum Magnus Carlsen un, deen no 10 Victoiren um Stéck dëst Joer aus Motivatiounsgrënn net ugetruede war. Mat der Nummer 1 op der Welt net dobäi war et dann dëst Joer den Duell tëscht den Nummeren 2 an 3, woubäi dee mat der mannergudder Placéierung d'Renne konnt maachen.