Beim Unity Run geet et ëm Frëndschaft, ëm de Sport an dobäi nach drëms, eppes fir de gudden Zweck ze maachen.

Amplaz, dass een eleng 42 Kilometer leeft, sinn 42 Schüler pro Schoul 1 Kilometer gelaf. "D'Iddi ass d'lescht Joer entstanen. Den Erich François (den Organisateur vum ING Nuetsmarathon) huet mech kontaktéiert mat der Iddi, fir eng nei Disziplin exklusiv fir Schüler ze maachen", erzielt de Fernand Schaber vun der Unity Foundation. "Speziell wärend der Pandemie haten déi Jonk de Lockdown, Social Distancing, si haten Home Schooling an dat huet hinnen net gehollef, fir am physesche Beräich, am mentale Beräich méi staark erauszekommen. An hei ass och d'Iddi, en Team Building Event ze maachen.", esou de Fernand Schaber.

Um Enn sollen nämlech net just d'Schüler hire Spaass um Marathon hunn, mä et sollen och Spenden zesummekommen, fir d'Unity Foundation. De Schoulen ass et selwer iwwerlooss, wéi vill si pro Participant spenden.

Den Unity Run selwer ass um Enn ganz gutt ofgelaf. Op der Stréck vum ING Marathon sti bei all Kilometer grouss blo Panneauen, déi d'Kilometerzuel uweisen. Dat war dann och all Kéiers e Posten, bei deem de Staffel-Staf iwwerreecht ginn ass un den nächste Participant. Et hunn dräi Schoule matgemaach: De Fieldgen, den Aline Mayrisch an d'International School Luxembourg.

Si kruten och scho puer Woche virum Marathon e Briefing bei deem hinnen alles erkläert ginn ass. Um Staffel-Staf war och en Tracker festgemaach. Esou konnten déi responsabel Proffen och den Iwwerbléck behalen. D'Poste waren och ënnert de Proffen opgedeelt. Si hunn zum Beispill opgepasst, dass d'Iwwergab ëmmer gutt ofgelaf ass.

Um Enn sinn déi lescht Schüler mam Staffel-Staf gutt ukomm an eng Partie Schüler hunn esouguer nach e bëssen eppes un hire Kilometer drugehaangen a sinn och dunn nach weidergelaf, wéi hiren Deel schonn eriwwer war. Virun allem d'Ambiance ronderëm d'Stréck huet ville Schüler gefall.

"Et war esou gutt, et wëll ee séier lafen, well een de ganze Support spiert.", erzielt eis eng Schülerin aus dem ISL. Den Organisateur wär och ganz zefridde mam Resultat an d'nächst Joer kéinten da villäicht nach méi Schoule beim Projet matmaachen.

Eng Medail kréien d'Schüler dann och nach. E bësse musse si awer nach drop waarden, de Fieldgen kritt seng zum Beispill am Juni. Da gëtt och de Scheck iwwerreecht an et gesäit een, wéi vill dann um Enn och fir de gudden Zweck dobäi rauskomm ass.
D'Unity Foundation gëtt et zanter den 80er Joren. Si leet Projeten am Beräich vun der Bildung zu Lëtzebuerg an am Ausland. Méi Informatiounen iwwert d'Fondatioun fannt dir hei.

D'Preparatioun an Organisatioun vun der Verdeelung vun de Medailen

D'Organisatioun vun der Verdeelung vun de Medailen um ING Marathon
Bei ronn 13.000 Leefer brauch et eng gewësse Virbereedung, fir datt herno beim Verdeele vun de Medailen, wa jiddereen eraleeft, alles klappt.