De Stater Racing geet mat engem neien Trainer an déi nächst Saison.

Fir d'Futtballsaison 2023/2024 sëtzt den 28 Joer jonke Marco Martino beim Stater Veräin op der Bänk. Fir hien ass et déi éischt Statioun bei engem Veräin aus der héchster Divisioun . Di zwou lescht Saisonen huet hien den FC Kielen trainéiert a virdru war hie Co-Trainer bei der UNA Stroossen.

RTL
RTL