De Gerson Rodrigues geet definitiv net méi zeréck bei säi Veräin a Saudiarabien. Dat huet den Nationaltrainer Luc Holtz e Mëttwoch confirméiert.

Hie géif fir déi nei Saison en neie Veräi sichen an déi lescht Wochen hei am Land trainéieren.

Extrait Luc Holtz

De Lëtzebuerger Stiermer huet säi leschte Match fir Al Wehda den 9. Mäerz gespillt an huet deemno zanter der Lännermatch-Paus Enn Mäerz keng Spillpraxis méi kritt.

Dem Gerson Rodrigues säi Kontrakt bei Dynamo Kiew leeft u sech nach eng Saison, RTL-Informatiounen no wier ee Retour bei de Veräin an d'Ukrain awer ausgeschloss.

Bei den 3 Lännermatcher géint Malta, Liechtenstein an a Bosnien huet hien d'Méiglechkeet, fir och ëm seng Zukunft am Veräinsfuttball ze spillen.