De Kader fir d'Lännermatcher am Juni steet
De Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz huet e Mëttwoch de Moien de Kader fir déi nächst 3 Matcher vun der Futtballnationalekipp bekannt ginn.
31 Spiller goufen nominéiert. Fir d’éischt mat dobäi sinn de Miguel Goncalves, Leon Elshan, Jayson Videira, Rayan Berberi an David Jonathans. Nees zeréck am Krees vun der Nationalekipp sinn de Seid Korac, Timothy Martin a Fabio Lohei. De Sebastian Thill ass wéinst enger Blessure net dobäi.
Den Optakt mécht d'FLF-Selektioun den 9. Juni heiheem mat engem Frëndschaftsmatch géint Malta. De 17. Juni spillt d'Ekipp vum Luc Holtz an der EM-Qualifikatioun heiheem géint Liechtenstein, ier et een dann 3 Deeg méi spéit auswäerts mat Bosnien-Herzegowina ze di kritt.