Wickler & Ehlers wanne bei den Hären, Samoilova & Graudina bei den Dammen

© Val Wagner
E Samschdeg si bei der Coque d'Halleffinallen an d'Finallen vun den Dammen an den Häre beim "Queen & King of the Court" gespillt ginn.
Bei den Hären hu sech e Samschdeg de Mëtteg Krattiger & Breer, Losiak & Bryl, Wickler & Ehlers a Gauthier-Rat & Krou direkt fir d'Finall um Owend qualifizéiert. Am Playoff huet sech mat Perušič & Schweiner dunn nach de leschten Duo d'Participatioun un der Finall geséchert.
An der éischter Ronn vun der Finall war et den Out fir d'Fransouse Gauthier-Rat & Krou, wärend den tschecheschen Duo Perušič & Schweiner nom zweeten Tour wéinst enger Blessur net méi weiderspille konnt. D'Victoire war schliisslech fir den däitschen Duo Clemens Wickler & Nils Ehlers mat 10 Punkten. Krattiger & Breer aus der Schwäiz si mat 8 Punkten op déi zweet Plaz komm, komplettéiert gëtt de Podium vum polneschen Duo Losiak & Bryl (5 Punkten).
LINK: Hei fannt Dir d'Resultater vun den Hären
Bei den Damme konnten déi 4 Ekippe Gruszczynska & Wachowicz, Klinger & Klinger, Ludwig & Lippmann a Samoilova & Graudina den Ticket fir d'Finall léisen. Am Playoff konnten dunn nach déi däitsch Spillerinnen Tillmann & Müller an d'Finall anzéien.
Hei goufe fir d'éischt Klinger & Klinger eliminéiert, éier d'Competitioun och fir Ludwig & Lippmann eriwwer war. An der drëtter a leschter Ronn konnt de letteschen Duo Anastasija Samoilova & Tina Graudina sech den Titel du mat 11 Punkte sécheren, dat viru Gruszczynska & Wachowicz aus Polen (10 Punkten) an Tillmann & Müller aus Däitschland (7 Punkten).
LINK: Hei fannt Dir d'Resultater vun den Dammen
Hei fannt Dir all d'Artikele vum Event.