Et ass den éischten Titel an dëser Kategorie, déi 2020 agefouert gouf, fir d'Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian.

An der Finall konnt Si sech mat 3:1 géint Liu Hsing-Yin aus dem Taiwan duerchsetzen. Just den drëtte Saz huet d'Ni Xia Lian hei missten ofginn, huet déi aner dräi awer dominéiert.

Schonn an der Halleffinall gouf et eng kloer 3:0 Victoire géint d'Chinesin Chen Yi.

Am Duebel-Mix koum d'Ni Xia Lian zesumme mam Luka Mladenovic bis an d'Véierelsfinall.