E Freideg den Owend kruten d'Maryia Shkolna an de Gilles Seywert et bei der Field-EM an der Finall mat enger Koppel aus Kroatien ze dinn.

No der Bronzemedail am Summer bei der Weltmeeschterschaft am Bouschéissen zu Berlin hu sech d'Maryia Shkolna an de Gilles Seywert déi nächst Medail bei enger internationaler Competitioun geséchert.

E Freideg den Owend ass et fir déi Lëtzebuerger Koppel an der Finall am Compound Mixed Team ëm Gold gaangen. Um Enn gouf et eng knapp 85:84-Victoire géint eng Koppel aus Kroatien. Domadder kënne sech d'Lëtzebuerger iwwert d'Goldmedail freeën.