D'Paralympics si vum 28. August bis den 8. September 2024 zu Paräis.

Russesch a belarussesch Sportlerinnen a Sportler dierfen d'nächst Joer bei de Paralympics zu Paräis ënnert neutralem Fändel nees starten. Dat huet d'Majoritéit vun den Nationale Paralympesche Comitéen e Freideg op der Generalversammlung vum Internationale Paralympesche Comité (IPC) am Bahrain decidéiert.

Eng Decisioun iwwert déi politesch ëmstridden Olympia-Participatioun vu russesche Sportler huet den ICO nach net getraff.