Futtball-EM
Optakt vum Virverkaf

© MICHAEL KAPPELER DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
En Dënschdeg um 14 Auer fänkt de Virverkaf vun den Tickete fir d'Futtballeuropameeschterschaft d'nächst Joer an Däitschland un.
Umelle kann ee sech iwwert den Internetsite "Euro2024.com".
Vun insgesamt 2,7 Milliounen Tickete ginn der an enger éischter Phas 1,2 Milliounen an d'Vente. Dës dauert bis de 26. Oktober. Wann d'Demande nees méi grouss ass wéi d'Offer, spillt nees den Tirage au sort.
No der Auslousung vun de Gruppen Ugangs Dezember ginn nach emol eng Millioun Ticketen un d'Fans vun de qualifizéierten Ekippen an d'Vente.
Am meeschte gelies