D’Spillerinne vun der Spora Marie Weckerle, Lucie Rabiot, Deborah Kerfs a Caroline Daxhelet konnte sech an der Dammefinall kloer mat 4:0 géint den TC Péiteng (Polina Bakhmutina, Gina Veyder, Laura Correia an Helene Scholsen) behaapten. D’Partie war schonn no de Simpelen decidéiert, sou datt d’Dubbele guer net méi gespillt goufen.

Bei den Hären hu sech de Metti Reiter, den Noe Plique, den Can Ayral an de Raphael Calzi vum TC Esch mat 5:3 géint d’Spora duerchgesat, déi mat hire Spiller Ugo Nastasi, Olivier Mutis, Théo Herrmann an Antoine Monaco ugetruede waren.
