Futtballnationalekipp ass mat Blessure geplot, schwéier Konditiounen an Island
Um 20.45 Auer eiser Zäit e Freidegowend ass d'FLF-Selektioun zu Reykjavik fir de ganz wichtegen EM-Qualifikatiounsmatch géint Island am Asaz.
E Méindeg steet dann de Rendezvous heiheem géint d’Slowakei um Programm. Et kann een déi zwou Partië quasi als Finalle fir déi zweet Plaz vum Grupp ugesinn. Den Nationaltrainer Luc Holtz kann emol sécher fir de Match e Freideg kuerzfristeg net op all Spiller zréckgräifen.
Et war jo schonn am Virfeld gewosst, datt de Florian Bohnert blesséiert géif feelen. De Mathias Olesen kënnt no enger Blessur zréck. Beim Laurent Jans waren d’Nouvellen ee Moment net wierklech gutt, well de Kapitän vun der Nationalekipp a sengem Veräin déi lescht 2 Matcher net konnt spillen. Hien ass allerdéngs optimistesch fir d’Partie géint Island.
"An éischter Linn goung et mir drëms, absolut kee Risiko anzegoen. Et bréngt och näischt, sech e Faser-Rëss zouzezéien oder soss eppes. Dat wier kontraproduktiv fir jiddereen. Wann ech mech awer elo gutt spieren an um Training alles matmaachen, da steet och warscheinlech näischt am Wee, fir muer kënne prett ze sinn."
Kuerzfristeg ass nach d'Blessur vum Yvandro Borges dobäikomm. Nodeems de Lëtzebuerger wéinst der Blessur schonn net mat an Island geflu war, huet d'FLF en Donneschdeg den Owend matgedeelt, datt de Stiermer 4 bis 6 Woche wéinst engem Muskelfaserrëss ausfält. Domadder verpasst de Borges och de Match géint d'Slowakei. Den Nationaltrainer hat jo de Gerson Rodrigues an den Oli Thill nees an de Kader geruff, nodeems si intern gespaart waren. Well de Borges feelt, wier d’Nominéierung vum Gerson Rodrigues ëmsou méi wichteg, erkläert de Luc Holtz.
"De Gerson huet ee Mount net gespillt. De Mathias Olesen huet quasi net gespillt. Hien huet de Weekend e puer Minutten ze spille krut. Dat si Jongen, déi doudsécher déi zwee Matcher keng 90 Minutte wäerten duerchspillen. Ech hunn de Jongen et och scho vermëttelt. Ech probéieren, esou mann wéi méiglech Feeler ze maachen. Feeler si mënschlech. Souwéi si heiansdo Feeler um Terrain maachen, maachen ech heiansdo Feeler a menge Choixen."
D’Islänner sinn no der Defaite am Allersmatch natierlech op Revanche aus a wëllen déi lescht Chance notzen, fir eventuell nach op déi 2. Plaz ze kommen. An der Lëtzebuerger Ekipp si Marvin Martins, Lars Gerson, Laurent Jans, Enes Mahmutovic a Vincent Thill virbelaascht an dierfe keng giel Kaart kréien, soss si si géint d’Slowakei gespaart.
Island war 2016 net nëmme fir d'EM qualifizéiert, mee war do bis an d'Véierelsfinall komm. 2018 hat sech d'Land mat den nëmme ronn 375.000 Awunner fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert. Déi lescht Zäit leeft et net méi grad esou gutt, mee virun allem doheem a bei den typesch islänneschen Terrain- a Wiederkonditioune gëtt e ganz komplizéierte Match erwaart, esou de Kapitän Laurent Jans.
"Mir wësse ganz genee wéi ee Géigner eis en Face steet. Et huet een och deelweis am éischte Match gesinn, datt si och Qualitéiten hunn a Spiller hunn, déi d'Differenz kënne maachen. Virun allem op hirem Stadion bei hinnen doheem. Du kënns gefillt vun doheem bei gefillt 24-25 Grad an hei sinn et 2 Grad. Dat sinn och Saachen, déi een net ënnerschätzen dierf. Et muss ee sech un déi éischt Keelt emol dru gewinnen an du hues net vill Zäit."
Bi elo ass d'FLF-Selektioun jo exzellent klasséiert an huet reell Chancen op déi 2. Plaz ze kommen. Déi grausam Leeschtung a Portugal an den 0:9 vum 11. September schénge verdaut ze sinn. Déi Matcher, déi bleiwen, si fir d'Rout Léiwe Finallen, wou et drëms geet, d'Feelerquot absolut ze miniméieren. Den FLF-President Paul Phlipp weess, datt de Moment scho Lëtzebuerg um Planéit Futtball ëmmer méi wouergeholl gëtt.
"Et ass eng fantastesch Vitrinn. Dat dierf een net vergiessen. Dat si Jongen, déi mëttlerweil de Futtball zum Beruff gemaach hunn. Esouguer wa mir eis net qualifizéieren, eleng de Fait, datt dovu geschwat gëtt, et ass och e Medienintressi am Ausland do. Dovunner profitéiert an éischter Stell de Lëtzebuerger Futtball, awer am Endeffekt och d'Spiller."
Och wann et eng Defaite géif an Island ginn, da wieren d'Chancen nach do, fir sech fir d'EM ze qualifizéieren, mee un d'Defaite denkt kee Roude Léif.