Am Sportkeele gouf dëse Weekend an der Belsch zu Dampicourt e Lännerverglach tëschent der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg gespillt.

Lëtzebuerger Häre koumen um Enn mat 4730 Holz op déi drëtten an domat leschte Plaz. D'Belsch, déi hiren Heemvirdeel notze konnten, hate mat 4999 Holz keng Problemer Fransousen (4748 Holz) hannert sech ze halen. D’Auswäertsspiller hu bei dësem Triangulaire och eng Kompetitioun ënnert sech gespillt an do konnt sech de Chris Fuchs d’Coupe mat 827 Holz sécheren.
D'Dammen hate Pech an och keen einfache Stand. Nodeems Martine Keller krankheetsbedéngt huet misse passen, huet wärend der Kompetitioun Mandy Parracho verletzungsbedéngt missten opginn. Corinne Louis konnt mat senge 512 Holz net vill bewierken.

Den nächste Lännermatch fir Lëtzebuerger Keelennationalekipp steet deemnächst schonn um Programm. Den 28. Oktober, also den nächste Samschden, spille Rout Léiwen e Frëndschaftsmatch géint Saarland zu Saarbrécken.

Kader vum Triangulaire

Dammen: Corinne Louis, Mandy Parracho

Hären : Alain Blasen, Chris Fuchs, Pascal Lauer, Frank Marnach, Gilles Mores, Nelson Pinto