Mir hunn d'Maud Allar an den Albert Chaussard mat der Kamera suivéiert, bei hiren éischte Competitiounen am Ausland.

Den Ament gëtt sech a ville Sportsveräiner op déi olympesch Spiller 2024 zu Paräis virbereet.  Fir op deen Niveau ze kommen, heescht et Training, Training, Training.

Mir hunn zwee Lëtzebuerger Schwëmmer mat der Kamera suivéiert bei hiren éischten Competitiounen am Ausland.

Den Albert Chaussard an d'Maud Allar sinn déi zwee, déi Lëtzebuerg am Schwamme representéieren um "Festival Olympique de la Jeunesse Européenne", deen all 2 Joer ass. An do hu sech dëst Joer déi jonk Sportler a Slowenien getraff. 1000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, verwierkleche si hiren Dram. Si huelen Deel un hirer éischter internationaler Schwamm-Competitioun.

Ënnerstëtzt gi se vun engem Coach, deen d'Erfarung vun engem olympeschen Trainer huet. Mee wéi erliewen déi zwee jonk Lëtzebuerger Schwëmmer dës grouss Aventure a wéi gesäit hiren Alldag bei de Competitiounen am Ausland aus?

Mir hunn se a Slowenien mat der Kamera begleet.