Gëtt et eng 3. Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters?

© Roland Miny
Déi zweeten Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters ass souwuel bei de Spillerinne wéi och beim Public gutt ukomm, dat seet d'Tournoidirektesch.
Et ass e Konzept mat fréiere Weltklassespillerinnen, dat op der Welt eenzegaarteg ass. D'Fro stellt sech natierlech elo, wéi et weidergeet?
No den Ustrengunge vun de leschte Wochen a Méint gënne sech d'Dan Maas an hir Ekipp elo emol e puer Deeg Paus. Wichteg ass et elo fir d'Tournoidirektesch, fir nees esou vill wéi méiglech Partner mat an d'Boot fir déi drëtten Editioun ze kréien.
Bei de Luxembourg Ladies Tennis Masters waren elo bei den zwou éischten Editioune fréier Weltklassespillerinne wéi d'Kim Clijsters, d'Martina Hingis oder och nach d'Andrea Petkovic dobäi. De Public erwaart do awer natierlech och, datt emol deen een oder anere weidere groussen Numm op Lëtzebuerg kënnt. Et lafen awer och Iwwerleeungen, fir op 16 Spillerinnen auszebauen.
Mat der Energie, déi d'Tournoidirektesch Dan Maas an hir vill Benevollen hunn, kann ee sech awer gutt virstellen, datt och d'nächst Joer nees fréier Nummer Eenten aus der Tennisweltranglëscht hei zu Lëtzebuerg opschloen.