D'Zil ass et net, den nächste Paralympics-Gewënner ze fannen, mä eng Offer fir jiddereen ze schafen.

Um Weekend vum 28. an 29. Oktober ass et méiglech, déi paralympesch Sportaarten am Rehazenter ze erliewen. Op de "Paralympic Days" gi 17 Sportaarten an d’Lëtzebuerger Kader-Athlete virgestallt. Am Virfeld hu mir mat dräi Sportler an hirem Trainer iwwert d’Situatioun vum paralympesche Sport an hir Ambitioune geschwat.

Wärend dësen Deeg wäert et d’Méiglechkeet ginn, sech emol an e Rennrollstull ze setzen an auszeprobéieren, wéi esou ee sech fiert. D’Katrin Kohl huet viru 7 Joer mat dëser Sportaart ugefaangen an ass haut déi eenzeg Rennrollstullfuererin hei am Land. Si start bei Paralympesche Competitiounen, well si mat enger Feelbildung un der Wirbelsail, mat der Bezeechnung Spina Bifida, op d’Welt komm ass.

Dëst Joer huet si fir d’éischte Kéier un enger Weltmeeschterschaft deelgeholl. Si hat sech net direkt qualifizéiert, mä ass invitéiert ginn a konnt zu Paräis dunn an der 100-Meter-Sprint-Course starten. Dat am selwechte Startfeld wéi Tatyana McFadden, déi aachtfach Gewënnerin op de Paralympesche Spiller. D'Katrin huet sech op der 16. Plaz an der Startklass T54 placéiert.

Hiren Dram ass et, och emol u Paralympesche Spiller deelzehuelen. Dofir dréint sech hiren Alldag och ronderëm den Training. Sechs Mol an der Woch gëtt Kraaft, Ausdauer an natierlech och d'Technik trainéiert. Dat alles nieft hirer Aarbecht beim SIDERO an och nach als Gemengeconseillère zu Dikrech. Ee Mol an der Woch fiert si op Saarbrécken, fir mat zwee anere Rollstullfuerer ze trainéieren, mä si géing sech wënschen, dass vläicht nach en aneren hei am Land Gefalen un dëser Sportaart fanne géif.

D’Athleten aus dem Paralympesche Kader hunn dëst Joer un dräi Weltmeeschterschaften, an der Liichtathletik, dem Sportschéissen an am Vëlossport, an un zwou Europameeschterschaften, am Dëschtennis an am Vëlossport, deelgeholl. Bis elo ass nach kee vun den Athleten aus dem Paralympesche Kader fir d’Paralympesch Spiller 2024 zu Paräis qualifizéiert.

Fir déi zwee Dëschtennisspiller Philippe Hein a Matteo Scuto war et dëst Joer am September hir Première op enger Europameeschterschaft. Si starten op internationale Para-Dëschtennis-Competitiounen an der Klass 10 vun 10, dat heescht mat Sportler mat liichte Beanträchtegungen.

Virun de paralympesche Competitioune ginn d’Sportler medezinesch ënnersicht a jee no kierperlecher Aschränkung a verschidde Klassen agedeelt. Beim Para-Dëschtennis starten d’Klassen 1 bis 5 am sëtzen, also am Rollstull, an d’Klasse 6 bis 10 am stoen.

Souwuel fir de Philippe Hein wéi och fir de Matteo Scuto ass den Dëschtennis méi wéi en Hobby. Et gehéiert zu hirem Liewen, fir méi wéi sechs Mol an der Woch ze trainéieren. Wa si spillen, denke si net un hiren Handicap.

"Ech hunn esou ugefaangen, mat spillen, wéi ech ebe sinn. Wann ech spillen, da spillen ech esou wéi ech ëmmer spillen, an ech verbessere mech och mat der Zäit, mee u mäin Handicap denken ech guer net wärenddeem ech spillen", seet de Philippe Hein.

En Dram vun hinne wier et och u Paralympesche Spiller deelzehuelen. "Ech mengen, fir realistesch ze sinn, ass et relativ schwéier. Et ass e ganz staarken Niveau, e ganz héijen Niveau, do si ganz vill Leit, déi professionell scho spillen. Et ass ëmmer gutt ze gesinn, wat fir en Niveau et gëtt a wéi wäit ee ka kommen. Ech denken, mir sinn op engem gudde Wee, vläicht dohinner ze kommen, mee et ass awer nach e wäite Wee, fir den Niveau z'erreechen."

Dem Marc Kiefer, Sportdirekter vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité, säin Zil ass et, dass an all de Sportveräiner am Land och Mënsche mat kierperlechen Aschränkunge kënne matmaachen: "Aus unserer Sicht geht es nicht darum, den nächsten Paralympics-Sieger zu finden oder ihm ein Angebot zu machen, sondern darum, es der breiten Öffentlichkeit anzubieten. Und zwar so nah wie möglich an ihrem Wohnort. Es geht auch darum, die Vereine durch ausgebildete Trainer und Mitarbeiter in die Lage zu versetzen, die Schwelle für diejenigen, die mit einer Behinderung Sport treiben möchten, so niedrig wie möglich zu halten."