Schi-Star Lucas Braathen setzt Schlussstréch ënnert seng Karriär

© AFP
Kuerz virum Weltcup-Start zu Sölden huet den norwegesche Schi-Alpin-Star e Freideg dës Bomm platze gelooss.
Hien zitt sech mat "effet immédiat" aus dem Schi-Sport zeréck, wéi hien op enger Pressekonferenz zu Sölden an Éisträich matgedeelt huet. D'lescht Saison war den 23 Joer alen Norweger de beschte Slalom-Fuerer.
"Fir déi éischte Kéier zanter Jore fillen ech mech fräi. Jiddereen, dee mech kennt, weess, dass Fräiheet eng vu menge gréisste Quelle fir Erfolleg a Freed ass.", sot de Lucas Braathen.
Sengen Teamkomeroden huet hie seng Decisioun en Donneschdeg den Owend matgedeelt. Hien hätt vun hinnen och vill Ënnerstëtzung kritt. E Comeback kann den 23 Joer ale Sportler sech aktuell net virstellen. Dofir misste sech vill Saachen änneren.
Op der Pressekonferenz huet de Braathen och den norwegesche Schi-Verband kritiséiert. An de leschte Jore gouf et ëmmer nees Tensiounen tëscht him an dem Verband.