D'Ekipp vum Kapp vun der gudder Hoffnung klappt an der Finall Neiséiland mat 12:11 am Stade de France zu Paräis.

Südafrika ass neie Rugby-Weltmeeschter. An der Finall am Stade de France konnten d'Springboks déi spannend Partie mat 12:11 fir sech entscheeden. Et ass de véierten Titel fir déi afrikanesch Ekipp, déi domat elo Rekordchampion sinn.

Südafrika war mat engem 6:0 an de Match gestart. Nodeem Neiséiland op 3:6 verkierze konnt, hunn d'Springboks nach vun zwee Penaltye profitéiert. D'All Blacks koume bis zur Paus nach op 6:12 erun, waren awer duerch eng Rout Kaart fir hire Kapitän Sam Cane deziméiert.

Am zweeten Duerchgang huet Neiséiland méi clever gespillt a konnt duerch en Try, dee 5 Punkten abréngt, bis op ee Punkt u Südafrika erukommen. An de reschtlechen 20 Minutte sollt awer kenger Ekipp méi e Punkt geléngen, sou dass d'Springboks hire véierte Weltmeeschtertitel feiere kënnen. Si bleiwen och d'Nummer 1 op der Welt, Neiséiland ass weiderhin Zweeten.