E Samschdeg war zu Miyazaki a Japan d'WM am Triathlon, bei där och eng Partie Lëtzebuerger mat um Depart waren.

D'Jeanne Lehair huet et hei um Enn op eng excellent 3. Plaz an domat op de Podium gepackt. Déi 27 Joer al Triathletin realiséiert domat hir beschte Leeschtung bei enger Weltmeeschterschaft an egaliséiert och déi bescht lëtzebuergesch Placéierung vum Liz May, realiséiert zu Peking am Joer 2006.

Déi ganz Course iwwer louch d'Lehair op de viischte Positiounen a war bis 5 Kilometer viru Schluss souguer un der Spëtzt. Um Enn ass d'Victoire un d'Bianca Seregni gaangen, d'Gwen Jorgensen ass op déi 2. Plaz komm. Et war déi lescht Course fir d'Jeanne Lehair an dëser laanger Saison.

Bei den Hären huet de Gregor Payet sech an enger schwiereger Course als 27. klasséiert. De Bob Haller huet et iwwerdeems net op d'Zillinn gepackt, wärend de Stefan Zachäus krankheetsbedéngt net un den Depart konnt goen.