Am Rehazenter goufe 17 verschidden Atelieren ugebueden
Et gëtt kaum eng Sportaart, déi net vu physesch behënnerte Matmënsche kéint praktizéiert ginn.
Jee no Handicap sinn hei natierlech Adaptatiounen noutwenneg. Mat dëser Organisatioun wëllen d'Paralympicsfederatioun an de Rehazenter esouvill physesch Behënnerter wéi méiglech derzou motivéiert kréien, fir sportlech aktiv ze sinn. Dat ass allerdéngs net ëmmer sou einfach.
Deemnächst wäerten déi behënnert Matmënschen dann och Tauche praktizéiere kënnen. Moniteure vun der Tauchfederatioun sinn an d'Ausland gereest, fir u Stagen deelzehuelen, fir d'Virdeeler z'entdecken a fir déi verschidden Technike fir verschidde Behënnerungen ze léieren, fir déi dann och zu Lëtzebuerg kënnen ëmzesetzen.
De Gros vun de physesch behënnerte Leit praktizéiert de Sport als Fräizäitaktivitéit, ma e puer awer och als Kompetitioun.
Et bleift ze hoffen, dass mat dëser Organisatioun esouvill wéi méiglech behënnert Matmënschen fir Beweegung a Sport motivéiert goufen. De Benefice, deen op mënschlecher a kierperlecher Basis doraus resultéiere kann, war iwwert de Weekend am Rehazenter net z'iwwersinn.