D'Lëtzebuerger Damme gewanne géint Saarland

© FLQ
Beim zweeten Testmatch bannent e puer Wochen huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Sportkeelen géint Saarland gewonnen.
An engem spannende Match hu sech Mandy Parracho a Kim Poorters no engem Réckstand vu 56 Keelen zréckgekämpft, fir um Enn mat engem knappe Virsprong vun 2 Keelen ze gewannen. D'Mandy Parracho ass mat engem Resultat vun 772 Holz vun der Bunn komm, d'Kim Poorters koum op 759 Holz.
Bei den Hären huet Saarland de Lëtzebuerger keng Chance gelooss. De Gilles Mores hat kee gudden dag erwëscht an huet sech misse mat 778 Holz zefridde ginn. Déi gutt Leeschtung vum Nelson Pinto (840 Holz) huet näischt dru geännert, dass d'Spiller aus dem Saarland nom 1. Block mat 94 Holz am Avantage louchen. De Ken Louis (711 Holz), dee säin éischten Asaz am Dress vun der Nationalekipp gefeiert huet, souwéi de Ralph Miny (739 Holz) konnten op den usprochsvolle Bunne keng gutt Leeschtung ofruffen, wat dozou gefouert huet, dass de Réckstand nom 2. Block op 301 Keelen ugewuess ass. De Fränk Marnach (810 Holz) an de Chris Fuchs, dee mat 850 Keele beschte Lëtzebuerger ginn ass, konnten d'Defaite net méi verhënneren.