D'Luxrollers sinn am 1. Heemmatch op déi 2. Ekipp vu Köln getraff
D'Luxrollers sinn elo schonn zanter 36 Joer als Veräin aktiv. Joer fir Joer sti si am Ufank vun der Saison virun neie Situatiounen.
Well si am däitsche Championnat matspillen, si si och ofhängeg vun den Decisioune vun eisen däitschen Noperen. Dëst Joer koum et zu enger Ëmstrukturéierung. D'Luxrollers spillen elo an der Regionalliga 3, dat betrëfft haaptsächlech den Norde vun Däitschland.
Fir hiren éischten Heemmatch vun der Saison war déi 2. Ekipp vu Köln op Besuch, déi sech mat e puer Spiller aus der 1. verstäerkt hat. De Kölner Veräin hat déi 2. Bundesliga aus finanzielle Grënn verlooss. Déi Rout waren de Luxrollers awer eng kleng Nummer ze grouss. Fir nei Spiller ze rekrutéieren bleift ee reegelméissegen Challenge. Dobäi ass de Sport en idealt Reeducatiounsmëttel an de Rollstullbasket huet nieft de soziale Kontakter och an deem Sënn villes ze bidden.
Zanter Joerzéngte ginn d'Luxrollers an d'Schoule fir ze sensibiliséieren a fir ze probéieren, de Stellewäert vum Behënnertesport an der Gesellschaft ze erhéijen. De Responsabele vum Veräin schwiewen awer och nach aner Projeten am Kapp.
Et lafe Gespréicher an deem Beräich. Mat 30 zu 45 gouf de Match géint Köln verluer. D'Luxrollers sinn awer gewinnt, fir no enger Defaite schnell rëm op de Rieder ze stoen, mat géigesäiteger Ënnerstëtzung geléngt dat am Beschten.