Drëtt Néierlag hannertenee fir 49ers, Eagles elo mat de meeschte Victoiren

© AFP
Bei de San Francisco 49ers leeft et aktuell net wierklech gutt. Nodeems een d'Saison mat 5 Victoiren ugefaangen huet, gouf et elo 3 Néierlagen noeneen.
E Sonndeg hu Brock Purdy a Co. sech mat 17:31 géint d'Cincinnati Bengals misse geschloe ginn. Iwwerdeems et bei der 49ers ëmmer weider biergof geet, kommen d'Bengals ronderëm de Star-Quarterback Joe Burrow lues awer sécher un d'Rullen.
Bei den Tennessee Titans huet iwwerdeems de Rookie-Quarterback Will Levis säi Debut ginn an dee wousst do direkt ze iwwerzeegen. Mat 28:23 gewannen d'Titans géint d'Atlanta Falcons, woubäi de Will Levis 4 Touchdown-Passe geheit huet a keng Interception.
D'Philadelphia Eagles sinn elo déi Ekipp mat de meeschte Victoiren an dëser Saison. Si hu sech e Sonndeg mat 38:31 géint d'Washington Commanders duerchgesat a sinn no 8 Spilldeeg déi eenzeg Ekipp mat 7 Victoiren.
Dat ënnert anerem och well d'Kansas City Chiefs bei den Denver Broncos iwwerraschend eng Néierlag hu missen astiechen. De Star-Quarterback Patrick Mahomes huet dobäi zwou Interceptions geheit a keng eenzeg Touchdown-Pass. No 16 Néierlagen hannertenee géint d'Chiefs ass et déi éischte Kéier, datt d'Broncos géint d'Ekipp vu Kansas City gewannen.
Alleguerten d'Resultater am Iwwerbléck
Tampa Bay Buccaneers - Buffalo Bills 18:24
Houston Texans - Carolina Panthers 13:15
Los Angeles Rams - Dallas Cowboys 20:43
Minnesota Vikings - Green Bay Packers 24:10
New Orleans Saints - Indianapolis Colts 38:27
New England Patriots - Miami Dolphins 17:31
New York Jets - New York Giants 13:10
Jacksonville Jaguars - Pittsburgh Steelers 20:10
Atlanta Falcons - Tennessee Titans 23:28
Philadelphia Eagles - Washington Commanders 38:31
Cleveland Browns - Seattle Seahawks 20:24
Baltimore Ravens - Arizona Cardinals 31:24
Kansas City Chiefs - Denver Broncos 9:24
Cincinnati Bengals - San Francisco 49ers 31:17
Chicago Bears - Los Angeles Chargers 13:30