Trainer-Récktrëtt zu MainzDe Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Leandro Barreiro kritt een neien Trainer
Wéi däitsch Medie mellen, ass Bo Svensson vu sengem Trainerposte beim FSV Mainz 05 zeréckgetrueden.
Verëffentlecht: 02.11.23 18:55, Update: 04.12.25 09:40
De Jan Siewert iwwerhëlt interimsweis. Momentan stinn déi Mainzer op der leschter Plaz an der däitscher Bundesliga. An der Coupe huet en e Mëttwoch däitlech 0:3 bei Hertha Berlin verluer.