Fir déi 25. Kéier gëtt zu Castelldefels bei Barcelona eent vun den eelsten europäesche Spaassturnéieren am Ultimate Frisbee ofgehalen.

Viru 55 Joer hu Studenten op enger amerikanescher Uni aus dem Spill mat der Frisbee-Scheif en Ekippesport entwéckelt. Entretemps ginn et iwwer 5 Milliounen Aktiver a 56 Länner an Ultimate Frisbee ass souguer an der Diskussioun fir d'Olympesch Spiller 2028. Och zu Lëtzebuerg ginn et e puer wéineg Aktiver, sou wéi de Piran Merkl, deem mir op engem besonneschen Tournoi zu Castelldefels bei Barcelona begéint sinn.

Den Däitschen Tim Kohlstadt huet den Tournoi "Porró" 1998 gegrënnt, bei deem sech 240 Sportler ugemellt hunn; de Gros aus europäesche Länner, ma och aus den USA an Australien. De Piran Merkl ass zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess, huet hei Rugby gespillt an Ultimate Frisbee virun 13 Joer op der Uni an England kenne geléiert. Scho fir déi 5. Kéier ass hien op de Porró no bei Barcelona gefuer an ass elo Kapitän vun de "Backstreet Boys". Doheem spillt hien op Wues mam Team "Ultimate DeLux" an der belscher Liga.

Zu de Spillreegelen: Mat dem Frisbee dierf een net lafen a Kierperkontakt ass verbueden. An der Beach-Versioun sti 5 Spiller mat op d'mannst 2 Fraen um Terrain. Dem Piran seng Stäerkt wier seng Explosivitéit, Erfarung an eng gutt Worf-Technik.

De Fair Play gëtt grouss geschriwwen a falls sech d'Spiller eng Kéier net eens ginn, gëtt mat der leschter Spillsituatioun weidergemaach.