Zweet Victoire fir Lëtzebuerg an der Europe Conference
D'Rout Léiwe wanne 27:14 géint Éisträich an hunn domat eng gutt Ausgangspositioun fir déi weider Matcher am Joer 2024.
Am Pool B vun der Europe Conference ass Lëtzebuerg e Samschdeg am Stade de Luxembourg géint Éisträich ugetrueden a konnt sech um Enn mat 27:14 behaapten. Et war déi zweet Victoire nom Erfolleg géint Bosnien-Herzegowina am Oktober (59:10).
D'Ekipp vum Trainer Alexandre Benedetti huet zwar dräi giel Kaarten an ee Penalty kasséiert, mee och d'Éisträicher ware keng Braver an hunn zwou giel Kaarte gewise kritt a souguer dräi Penaltye verschëlt, vun deene Lëtzebuerg profitéiere konnt (jeeweils 3 Punkten).
Donieft hunn d'Rout Léiwen nach véier Tries realiséiert, woumat si op der Gewënnerstrooss waren.
Den nächste Match fir d'Lëtzebuerger ass eréischt am Abrëll d'nächst Joer an Ungarn.