Eagles feieren 8. Victoire, Chiefs klappen Dolphins

© AFP
Donieft konnte sech d'Cincinnati Bengals géint d'Buffalo Bills duerchsetzen an d'Houston Texans gewanne géint d'Tampa Bay Buccaneers.
D'Philadelphia Eagles bleiwen och no der 9. Woch déi bescht NFL-Ekipp. Mat hirer 28:23-Victoire géint d'Dallas Cowboys konnten Jalen Hurts a Co. hiren 8. Succès am 9. Match feieren.
Am Spëtzematch zu Frankfurt tëscht de Miami Dolphins an de Kansas City Chiefs gouf et eng Victoire fir d'Ekipp ronderëm de Star-Quarterback Patrick Mahomes. D'Chiefs, déi de Match mat 21:14 gewonnen hunn, konnten dobäi op eng staark Defensiv an eng stabil Offensiv vertrauen.
An engem weider Spëtzematch hunn d'Bengals gewisen, datt si vu Woch zu Woch ëmmer besser ginn. E Sonndeg hu si sech mat 24:18 géint d'Buffalo Bills duerchgesat. De Bengals-Quarterback Joe Burrow huet de Ball fir ganzer 348 Yards geheit, iwwerdeems d'Defense de géigneresche Quarterback Josh Allen eemol interceptéiere konnt.
De Rookie-Quarterback C.J. Stroud huet e Sonndeg op en Neits bewisen, datt hien d'Zukunft vun de Houston Texans ass. De jonke Quarterback huet de Ball fir 470 Yards a 5 Touchdowns geheit an huet senger Ekipp domat gehollef, de Match géint d'Tampa Bay Buccaneers mat 39:37 ze gewannen. Och d'Receiver Noah Brown, Tank Dell an Nico Collins, esou wéi den Tight End Dalton Schultz woussten ze iwwerzeegen.
Alleguerten d'Resultater am Iwwerbléck
Tennessee Titans - Pittsburgh Steelers 16:20
Miami Dolphins - Kansas City Chiefs 14:21
Minnesota Vikings - Atlanta Falcons 31:28
Seattle Seahawks - Baltimore Ravens 3:37
Arizona Cardinals - Cleveland Browns 0:27
Los Angeles Rams - Green Bay Packers 3:20
Tampa Bay Buccaneers - Houston Texans 37:39
Washington Commanders - New England Patriots 20:17
Chicago Bears - New Orleans Saints 17:24
Indianapolis Colts - Carolina Panthers 27:13
New York Giants - Las Vegas Raiders 6:30
Dallas Cowboys - Philadelphia Eagles 23:28
Buffalo Bills - Cincinnati Bengals 18:24