D'Slowakin gewënnt mat enger komfortabeler Avance op d'Lena Dürr an d'Katharina Liensberger. D'Descente vun den Hären zu Zermatt huet mussen ofgesot ginn.

D'Petra Vlhova huet hire Konkurrentinnen beim Saisonsoptakt am Slalom zu Levi keng Chance gelooss. D'Slowakin hat um Enn eng grouss Avance vun 1,41 Sekonnen op déi Däitsch Lena Dürr. D'Éisträicherin Katharina Liensberger koum um finnesche Parcours mat engem Retard vun 1,51 Sekonnen an d'Zil. D'Amerikanerin Mikaela Shiffrin, eng vun de grousse Favorittinnen op d'Victoire, hat ze vill Feeler an hire Leef a gouf um Enn Véiert (+ 1,70).

Bei den Hären huet déi éischt länneriwwergräifend Descente um Matterhorn mussen ofgesot ginn. D'Course sollt vun Zermatt an der Schwäiz op Cervinia an Italien gefuer ginn. Et ass schonn déi zweet Ofso vun enger Course an dëser Saison, nodeem de Riseslalom beim Saisonsoptakt zu Sölden och huet mussen ofgebrach ginn. Ob déi zweet Descente gefuer ka ginn, hänkt vun de Wiederkonditiounen an den nächste Stonnen of.