Lafen iwwer d'Grenzen ewech
Beim DEULUX-Laf laanscht d'Sauer verleeft de Parcours fléissend vun der däitscher op déi lëtzebuergesch Säit an nees zeréck.
E Samschdeg gouf déi 31. Editioun vum DEULUX-Laf laanscht d'Sauer ofgehalen. Vu Langsur op der däitscher Säit goung et eriwwer an de Grand-Duché an nees zeréck bei d'Noperen. Bei dëser Organisatioun spillen d'Landesgrenze keng Roll an de Kontakt tëscht der FLA an de Liichtahtleetikverband Rheinland-Pfalz bleift bestoen.
D'Course erfreet sech enger grousser Beléiftheet an der Lëtzebuerger Lafzeen, sou dass vill vun de beschte Leefer um Depart sinn. De Bob Bertemes vum Celtic Dikrech leeft no 10 Kilometer als Éischten iwwer de Stréch, virum Jonas Kinde an dem Gil Weicherding. Domat stoungen dräi Leefer vum Celtic Dikrech um Träppchen.
Och bei den Damme goung d'Victoire mam Vera Hoffmann un enger Leeferin vum Celtic, virum Jenny Gloden.