Liichtathletik: Cross Country
Victoire fir de Yonas Kinde zu Rodange

© RTL Archiv
Beim éischte Cross vun der Saison iwwer ronn 6,5 Kilometer ass de Yonas Kinde no 23 Minutten an 11 Sekonnen als Éischten iwwer d'Arrivée gelaf.
De Sven Remakel hat op der 2. Plaz e Réckstand vu 27 Sekonnen. 42 Sekonnen hannert dem Vainqueur ass den Tim Thull op déi 3. Plaz gelaf.
Bei den Damme war Streck knapp iwwer 4 Kilometer laang. Iwwer déi Distanz konnt sech d'Carole Kill mat enger Zäit vu 17 Minutten an 51 Sekonnen duerchsetzen. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Lisa Houot an d'Anne Mathay mat engem Retard vun enger Minutt a 7 Sekonnen respektiv enger Minutt an 23 Sekonnen.
Am meeschte gelies