D'Amerikanerin huet bei hirer Victoire vum Feeler vun der Slowakin Petra Vlhova profitéiert, déi am 2. Duerchgang ausgefall ass.

Duerch den Out vum Vlhova huet et d'Kroatin Leona Popovic aus Kroatien mat engem Retard vun 18 Honnertstel op déi 2. Plaz gepackt. De Podium gouf vum Lena Dürr aus Däitschland komplettéiert. Dürr hat e Réckstand vun 30 Honnertstel op d'Gewënnerin.

Säit mëttlerweil 9 Joer hunn zu Levi ëmmer entweder d'Mikaela Shiffrin oder d'Petra Vlhova gewonnen. D'Shiffrin läit an dem klengen internen Duell mat 7:6 vir.