Gréisser Iwwerraschunge sinn um 10. Spilldag vun dëser NFL-Saison awer ausbliwwen.

Et war u sech e Spëtzematch tëscht zwou Ekippen, déi virun dëser Partie vill virhaten. D'Jaguars wollten weider op der Gewënnerstrooss bleiwen, no fënnef Victoiren um Stéck, an d'49ers wollten no dräi Néierlagen hannerteneen nees eng Partie gewannen. Dat sollt der Ekipp aus San Francisco dann och geléngen an dat ganz däitlech. Hir Defense huet quasi näischt zougelooss an den Jaguars sinn doheem just 3 Punkte gelongen, wärend d'49ers-Offense ëm de Purdy 34 Punkten op d'Tafel brénge konnt. Eng kloer Affär also zu Jacksonville.

Ganz enk dogéint war d'Partie tëscht den zwee Kellerkanner Panthers a Bears. D'Ekipp aus Carolina war besser an d'Partie gestart a konnt awer just mat engem Punkt Avance an d'Paus goen. Den drëtte Véierel war net ideal fir d'Panthers, déi hei kee Punkt maache konnten an d'Bears hunn duerch en Touchdown d'Partie gedréint. Well och d'Defense vun der Ekipp aus Chicago de leschte Véierel hale konnt, hunn d'Bears d'Partie zum Schluss knapp mat 16:13 gewonnen.

E Sonndeg war dann och den Ofschloss vun de Matcher an Europa. D'Fans, déi de Wee op Frankfurt fonnt haten, goufen awer an der Partie tëscht de Colts an de Patriots net wierklech verwinnt. Een Touchdown an ee Fieldgoal ass der Ekipp aus Indianpolis duergaangen, fir d'Patriots, déi zwee Mol tëscht Pottoe geschoss hunn, knapp 10:6 ze schloen.

E bësse fir eng Iwwerraschung suergen am Moment d'Cleveland Browns, déi aktuell 6 Victoiren aus 9 Matcher um Compte hunn. Dëse Weekend si se bei déi u sech favoriséiert Ravens op Baltimore gereest, a konnte sech hei duerch eng ganz staark Schlussphas d'Victoire sécheren. Dobäi ware si nom éischte Véierel nach 3:17 hannen an an der Pause nach 9:17. Et war de leschte Véierel, wou si e 16:7 konnten hileeën, deen de Browns eng 33:31-Victoire séchere konnt.

D'Resultater am Iwwerbléck

Panthers - Bears 13:16

Colts - Patriots 10:6

Browns - Ravens 33:31

Texans - Bengals 30:27

49ers  - Jaguars 34:3

Saints - Vikings 19:27

Packers - Steelers 19:23

Titans - Buccaneers 6:20

Falcons - Cardinals 23:25

Lions - Cargers 41:38

Giants - Cowboys 17:49

Commanders - Seahawks 26:29

Jets - Raiders 12:16