Den Éisträicher konnt säin Heemvirdeel am Schi Alpin zu Gurgl notzen a sech domat seng drëtt Weltcup-Victoire sécheren.

Bei schwéiere Wiederkonditiounen gouf et een éisträichesche Podium zu Gurgl. De Manuel Feller war mat 1:47.23 Minutten de Séiersten a ka sech domadder iwwer säin drëtte Succès beim Weltcup freeën. De Marco Schwarz war mat 23 Honnertstel den Zweetplacéierten, dat virum Michael Matt op Plaz 3 (+01.05 Sekonnen). Et ass deen éischten éisträichesche Podium bei den Hären zanter ronn 8 Joer.

Bei den Dammen huet d'Descente zu Zermatt-Cervinia iwwerdeems wéinst ze staarkem Wand missen ofgesot ginn. Och bei den Hären hat d'Competitioun um Matterhorn virun enger Woch wéinst de Wiederkonditiounen net stattfonnt.