Professionalisatioun an de Sportsveräiner200 Trainerinnen an Trainer hunn um 1. Nationalen Trainerdag deelgeholl

Bern Thill
Dëst ass e weidere Pilier an der Entwécklung vun der Qualitéit vun den Traineren, hirer Unerkennung an der Gesellschaft an eng Plattform fir Weiderbildung an Austausch.
200 Trainer an Trainerinnen hunn um 1. Nationalen Trainerdag deelgeholl
Dëst ass e weidere Pilier an der Entwécklung vun der Qualitéit vun den Traineren an hirer Unerkennung an der Gesellschaft.

Den Dag huet ugefaange mat engem Exposé vum Carsten Steiner iwwert d'Komplexitéit vum Leadership an den Afloss op d'Entwécklung vun de Sportler.

Duerno hunn d'Participante sech daagsiwwer a verschiddenen Ateliere verdeelt. Och d'Trainingskenntnisser entwéckele sech esou rasant wéi d'Gesellschaft, dofir ass d'Formation continue vu gréisster Bedeitung.

Dëst erkennt een ënner anerem um ëmmer méi heefegen Asaz vum Handy fir Analysen, Miessungen an esou weider. Dat Ganzt ass manner opwänneg an de Käschtepunkt ass méi niddreg wéi bei üblechen Apparater.

Et sinn am Ament 2.500 Traineren an der Datebank vum Ministère enregistréiert. All Joer muss eng Formation continue vun 8 Stonnen absolvéiert ginn, fir dran ze bleiwen. Et gëtt och an Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère a mam Sportslycée um Beruffsbild vum Trainer geschafft.

E weidert interessant Instrument ass an deem Kontext d'Aféierung vum sougenannte "Subside Qualité Plus". Iwwert dee Wee géif sech méi Professionalismus an de Sportsveräiner erhofft ginn.

Conclusioun: Et ass Beweegung an eiser Sportswelt.

Back to Top
CIM LOGO