Souwuel qualitativ wéi och quantitativ steet déi Stroossener Kompetitioun am Bouschéissen op feste Féiss.

Et sinn 150 Participante méi wéi d'lescht Joer an d’Weltspëtzt ass och erëm eng Kéier um Rendez-vous wéi de Mike Schloesser, d’Nummer 1 op der Welt am Compound, fir mol nëmmen deen ze nennen. Fir déi 32 bescht klasséiert ginn et World Ranking Punkten déi am Recurve fir d‘Olympesch Spiller zu Paräis, zielen. An do hu mir mam Pit Klein an dem Jeff Henckels 2 Athleten, déi eng Qualifikatioun ustriewen. De Jeff, dräifachen Olympiaparticipant, ass scho wochelaang mat der Organisatioun beschäftegt an huet dofir op d’Schéisse verzicht.

De Pit Klein peekt tëschent de Kompetitiounen dem Marya Schkolna eng Hand an hirem Business mat un an huet trotzdeem eng exzellent 1. Qualifikatiounsronn geschoss.

De Gilles Seywert huet, mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten éischter en Amateurstatus, a kämpft am Compound géint Profien.

An dach gehéiert hien zesumme mam Marya Scholna am Doubel Mixt am Compound zur Weltspëtzt. Eng 3. Plaz op der Weltmeeschterschaft an en Europameeschtertitel am Field ënnersträichen dat. Viru Kuerzem huet den Internationalen Olympesche Comité och d’Hoffnunge fir eng Participatioun vum Compound fir déi iwwernächst Olympesch Spiller 
gebrach. Fir Paräis war dat jo schonn eng länger Zäit bekannt.

Dann heescht et eeben de Fokus op d'Welt- an d'Europameeschterschafte fir eis Compound-Spezialisten ze leeën.