De Luca Clees ass beim Uewersauertrail iwwer 57,4 Kilometer op der 10. Plaz ukomm. Bei den Dammen heescht déi nei Championne Shefi Xhaferaj.

De Lëtzebuerger Champion huet fir déi laang Distanz am Trail 5 Stonnen 32 Minutten a 7 Sekonne gebraucht. Zweeten an Drëtten am Lëtzebuerger Championnat goufen de Matthias Geistor an den Toni Veigas. Si sinn op der 15. an op der 19. Plaz ukomm.

Gewonne gouf den Uewersauertrail vum Belsch Florian Descamps an enger Zäit vu 4 Stonne 36 Minutten a 27 Sekonnen. Op déi 2. Plaz koum de Sebastien Carabin och aus der Belsch. Den Hollänner Huub van Noorden huet sech op der 3. Plaz klasséiert.

D'Course bei den Dammen huet d'Shefi Xhaferaj fir sech entscheet a gouf domadder och Lëtzebuerger Championne. Fir déi ganz Streck huet d'Shefi Xhaferaj 6 Stonnen 10 Minutten a 26 Sekonne gebraucht. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Louise Wenkin aus der Belsch an déi 2. Lëtzebuergerin Tatiana Quesada. De Lëtzebuerger Podium gouf vum Sonny Eschette komplettéiert.