FLT Masters
Titele ginn un d'Lucie Rabiot bei den Dammen a Gilles Kremer bei den Hären
Bei den Damme war d'Finall vun den FLT Masters am Simpel eng kloer Saach. Bei den Häre war et méi serréiert.
Um Enn konnt sech de Gilles Kremer mat 6:1, 6:7 a 6:3 géint de Christophe Nickels behaapten.
Bei den Dammen huet sech d'Lucie Rabiot kloer mat 6:3 a 6:2 géint d'Laura Palumbo duerchgesat.
Um Samschdeg haten sech am Dubbel schonn de Gilles Kremer an de Christophe Nickels souwéi d'Lucie Rabiot an d'Tatiana Silbereisen d'Titele geséchert.
Am meeschte gelies