An der Aachtelsfinall vum DFB-Pokal huet Saarbrécken mat 2:0 géint Eintracht Frankfurt gewonnen a steet domat an der Véierelsfinall.

De Brünker an de Kerber hunn d'Goler fir den Drëttligist geschoss. Deemno ass d'Ekipp vum fréieren F91-Diddeleng-Trainer Dino Toppmöller eliminéiert. No Bayern München de viregten Tour ass Frankfurt den zweete Bundesligist, dee vu Saarbrécken aus der Coupe geheit gëtt.

An enger weiderer Partie konnt sech e Mëttwoch den Owend Bayer Leverkusen mat 3:1 géint Paderborn duerchsetzen. En Dënschdeg hate sech schonns Kaiserslautern, Düsseldorf, Mönchengladbach a St. Pauli fir d'Ronn vun de beschten 8 qualifizéiert.

Méi spéit e Mëttwoch den Owend huet de VfB Stuttgart sech mat 2:0 géint Borussia Dortmund duerchgesat. Deemno ass de BVB eliminéiert.

Tëscht der Hertha an dem HSV stoung et no der regulärer Spillzäit 2:2. Deemno ass de Match an d'Verlängerung gaangen. Nodeems den HSV hei mat 3:2 a Féierung louch, huet de Kenny mat engem Gol an der 120. Minutt d'Ekipp aus der Haaptstad an d'Eelefmeterschéisse gerett. Do konnt dech d'Hertha dunn duerchsetzen a qualifizéiert sech domat fir d'Véierelsfinallen.