D’Patrizia van der Weken (Liichtathletik) konnt sech 2023 bei der Sportlerin vum Joer duerchsetzen. Bei den Häre goung den Titel un de Leandro Barreiro (Futtball) a bei der Ekipp vum Joer huet sech d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Häre behaapt. Den Trainer vum Joer ass op en Neits de Luc Holtz (Futtball). Gewielt goufe si vun de Membere vun der Sportspress.
Mat 360 Punkte koum d’Patrizia van der Weken bei der Wiel vun der Sportlerin vum Joer knapp virun der Thriathletin Jeanne Lehair (346 Punkten) op déi éischte Plaz.
Mat 220 Punkten ass d’Marie Schreiber vun de Membere vun der Sportpress op déi 3. Plaz gewielt ginn.
Bei den Häre goung déi éischt Plaz mat 415 Punkte souverän un de Leandro Barreiro (Futtball). Hien hat eng komfortabel Avance op de Sprangreider Victor Bettendorf (223 Punkten).
Op d’Plazen hannendru komme mat 168 Punkten de Futtballer Anthony Moris a mat 165 Punkten de Liichtathlet Charel Grethen.
D’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Hären däerf sech iwwer den Titel Ekipp vum Joer freeën. Mat 451 Punkten huet ee sech virum Dëschtennis-Dubbel Ni Xia Lian a Sarah De Nutte (211 Punkten) duerchgesat.
Déi 3. Plaz war fir de Bouschéisser-Dubbel Skholna/Seywert (191 Punkten).
De Luc Holtz (Futtball) gouf dann op en Neits als Trainer vum Joer gewielt. Den Nationaltrainer vun de Roude Léiwe krut 428 Punkten. Déi zweete Plaz war fir den Arnaud Starck, Trainer vum Patrizia van der Weken a Victoria Rausch mat 264 Punkten. Déi drëtte Plaz goung mat 226 Punkten un de Ken Diederich, Trainer vun der Härennationalekipp am Basket.
Präis fir de beschte jonke Sportler an déi bescht jonk Sportlerin
Finn Kemp (Schwammen)
Ehis Etute (Basket)
Präis Ultra Sport
Pit van Rijswijck (World Marathon Challenge)
Präis Sport an Handicap
Steve Nothum (Para Sportschéissen)
Prix d’Honneur sportspress.lu
Suzie Godart (Cyclocross)
Sportler vum Joer
Barreiro Leandro - Futtball
Bertemes Bob - Liichtathletik
Bettendorf Victor - Sprangreiden
Giannotte Flavio - Fechten
Grethen Charles - Liichtathletik
Kirsch Alex - Vëlossport
Kovac Ben - Basketball
Moris Anthony - Futtball
Munster Grégoire - Rallye
Payet Gregor - Triathlon
Wagner Ehlinger Nicolas - Dressurreiden
Sportlerin vum Joer
Hoffmann Vera - Liichtathletik
Lehair Jeanne - TriathlonMajerus Christine - Vëlossport
Miller Laura - Futtball
Mordenti Céleste - Konschtturnen
Ni Xia Lian - Dëschtennis
Schreiber Marie - Cyclocross
Shkolna Mariya - Bouschéissen – compound
Van der Weken Patrizia - Liichtathletik
Warling Jenny - Karate
Ekipp vum Joer
Basketball - Dammennationalekipp 3 X 3
Basketball - Härennationalekipp
Futtball - Härennationalekipp
Tennis - Davis-Cup-Ekipp
Dëschtennis - Dubbel De Nutte – Ni Xia Lian
Dëschtennis - Dammennationalekipp
Bouschéissen – compound - Dubbel Mixte Shkolna – Seywert
Trainer vum Joer
Danielsson Tommy - Dëschtennis
Diederich Ken - Basketball
Lorang Dan - Vëlossport / Triathlon
Holtz Luc - Futtball
Starck Arnaud - Liichtathletik