Bei der Dammen-Handball-Weltmeeschterschaft an Dänemark ass um Sonndeg den Owend d'Finall tëscht Frankräich an Norwege gespillt ginn.

Et war eng immens schnell 1. Hallschent bei där iwwerraschend vill Goler gefall sinn. An der Paus louch Frankräich mat 20:17 a Féierung. Nom Säitewiessel war de Match en Tick méi serréiert a béid Ekippen hunn hier Defense gestäerkt. Norwegen ass kuerz viru Schluss wuel nach eng Kéier op 2 Goler erukomm, sollt de Match um Enn awer mat 28:31 verléieren. Frankräich ass deemno neien Handball-Weltmeeschter.

Am Match ëm d'Plaz 3 huet sech Dänemark mat 28:27 géint Schweden duerchgesat.