D'Highlighte vum Sportjoer 2023

Loosst all eenzele Mount nach eemol Revue passéieren.
Juli
Am Mount Juli gouf d'Finanzéierungsgesetz fir de Vëlodrom endlech gestëmmt. Den neien nationalen Tenniszenter soll op Esch kommen an den Tour de France nees op Lëtzebuerg. An d'Patrizia van der Weken huet d'Olympia-Qualifikatioun an der Täsch.
August
Am Mount August haten eng ganz Rei Lëtzebuerger Sportler keng Vakanz. Et waren esouguer richteg gutt Resultater dobäi, wéi zum Beispill an der Liichtathletik der Patrizia van der Weken hir Goldmedail iwwer 100 Meter, respektiv der Vera Hoffmann hir zweet Plaz iwwer 1500 Meter op den Universitéitsweltmeeschterschaften zu Chengdu a China. Heiheem war et d'Reprise vum Futtballchampionnat.
September
Hei huet d'Futtball-Nationalekipp nees zwee Gesiichter géint Island a Portugal agewisen. Am Cyclissem war et den Tour de Luxembourg an am Tennis huet Lëtzebuerg géint Slowenien gewonnen.
Oktober
Am Mount Oktober ass et zu Munneref mat den Aarbechte vum Vëlodrom lassgaangen. Den Oli Thill an de Gerson Rodrigues däerfen nees an der Futtballnationalekipp spillen an déi spillt an Island gläich a verléiert am Stade de Luxembourg géint d'Slowakei.
November
Am Mount November goufen et eng ganz Rei Héichpunkten aus Lëtzebuerger Siicht. D'Futtballnationalekipp huet d'Europameeschterschaftsqualifikatioun mam Rekord vu 17 Punkten ofgeschloss, d'Dammennationalekipp am Basket konnt direkt zweemol gewannen, an d'Marie Schreiber huet sech op der Europameeschterschaft am Cyclocross mat der Sëlwermedail belount. An an der Formel 1 ass d'Saison zu Abu Dhabi mat der 19. Victoire vum 3-fache Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull an der 22. Course op en Enn gaangen.
Dezember
Hei dominéiert virun allem de Sportlergala zu Munneref, wou all Joer déi beschte Sportler a Sportlerinne vum Joer geéiert ginn. Donieft ass Lëtzebuerg och gewuer ginn, géint wien ee bei enger méiglecher Qualifikatioun fir d'Futtball-EM an Däitschland géif spillen.