D'Cleveland Browns hu sech fir d'NFL-Playoffs qualifizéiert

© GREGORY SHAMUS / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Browns hunn am eegene Stadion 37:20 géint d'Jets gewonnen. Et war hir 11. Victoire an dëser Saison.
Mat dëser huet d'Ekipp vu Cleveland sech an der AFC fir d'NFL-Playoffs qualifizéiert.
Beschte Mann um Terrain war de Browns hire Quarterback Joe Flacco, deen am Ganzen 2 Touchdown-Passe geworf huet. An der leschter Saison stoung hien ausgerechent bei den New York Jets ënner Vertrag, ma dës hate sech dogéint decidéiert, säi Kontrakt ze verlängeren. Dat och nodeems hire Star-Quarterback Aaron Rodgers sech blesséiert hat.
De Flacco hat duerno eng Zäit laang keng Ekipp. Eréischt viru ronn engem Mount haten d'Browns hie verflicht, fir op d'Blessure vun hirem éischte Quarterback Deshaun Watson ze reagéieren.