D'Joer 2023 war am Sport nees voller Emotiounen
D'Sportredaktioun kuckt op déi verschidden Amenter zeréck.
D'Futtball-Nationalekipp huet an der EM-Qualifikatioun hir beschte Campagne an der Geschicht gespillt an huet ëmmer nach Hoffnungen, an Däitschland bei der EM dobäi ze sinn. An der Liichtathletik hunn e puer Athletinnen an Athleten eng excellent Saison hannert sech. D'Patrizia van der Weken gouf als Sportlerin vum Joer ausgezeechent a sech d'Qualifikatioun fir Paräis 2024 geséchert. Dat selwecht Zil hunn och eis Triathleten. Mam Jeanne Lehair huet d'FLTRI eng Athletin, déi sech mat deene beschte Moosse kann. D'Marie Schreiber huet am Cyclocross de Wee a d'Weltspëtzt fonnt a fiert eng excellent Saison. Och am Automobil a Motorsport loosse sech d'Resultater vun de Lëtzebuerger weisen.