Rafael Nadal erkläert wéinst Verletzung Forfait fir Australian Open
© AFP/Patrick HAMILTON
De Rafael Nadal huet no senger Verletzung haart un sengem Comeback geschafft, fir op den Profi-Circuit zeréck ze kommen.
De Rafael Nadal huet no senger Verletzung haart u sengem Comeback geschafft, fir op de Profi-Circuit zeréck ze kommen.
Dëst Joer zu Brisbane an Australien war et dunn no engem Joer esouwäit, bei engem vun deenen éischten ATP-Tournoie vum Joer. Ma nom Match géint de Jordan Thomson huet et alles anescht wéi gutt ausgesinn.
Elo ass Gewëssheet do, dass de 37 Joer ale Spuenier fir Australian Open muss wéinst engem Mikro-Rëss un engem Muskel Forfait erklären. De Rafael Nadal ass schonn nees um Wee zeréck a Spuenien, fir sech do behandelen ze loossen.