E Méindeg den Owend goufen d'"Best"-Awards vun der Fifa zu London iwwerreecht.

Den Erling Haaland konnt no sengem sensationelle Joer bei sengem Veräin op eng Belounung hoffen. Um Enn konnt sech awer nees de Lionel Messi duerchsetzen, deen net zu London present war an och kee Message preparéiert huet. D'Reaktioun am Sall zu London war éischter reservéiert. Et ass säin 8. Titel als Weltfuttballer.

Bei de Frae goung den Titel un d'Aitana Bonmati.

De Pep Guardiola gouf als Welttrainer vum Joer ausgezeechent. Iwwert den Titel als Welttrainer(in) vun enger Fraenekipp konnt sech d'Sarina Wiegman freeën.

Den Iwwerbléck vun de Selektionéierten an de Gewënner

Weltfuttballer vum Joer
Erling Haaland (Norwegen / Manchester City)
Kylian Mbappe (Paris Saint-Germain),
Lionel Messi (Argentinien / Paris Saint-Germain / Club Internacional de Fútbol Miami)

Weltfuttballerin vum Joer

Aitana Bonmati (FC Barcelona)
Linda Caicedo (Kolumbien / Deportivo Cali Femenino / CF Real Madrid)
Jennifer Hermoso (Spuenien / CF Pachuca Femenil)

Welttrainer vum Joer

Pep Guardiola (Manchester City)
Simone Inzaghi (FC Internazionale Milano)
Luciano Spalletti (SSC Napoli)

Welttrainer(in) vun enger Fraenekipp

Jonatan Giraldez (FC Barcelona)
Emma Hayes (Chelsea)
Sarina Wiegman (England)

Weltgolkipp vum Joer

Yassine Bounou (FC Sevilla / Al Hilal)
Thibaut Courtois (Real Madrid)
Ederson (Manchester City)

Weltgolkipperin vum Joer

Mackenzie Arnold (West Ham United)
Catalina Coll (FC Barcelona)
Mary Earps (Manchester United)